Indiaca

De Sport

Indiaca ass en Team-Sport, deen wéi Volleyball gespillt gëtt. Et ginn just geréng, mee awer wesentlech Ënnerscheeder zum Volleyball:

Den éischte an wuel wichtegsten Ënnerscheed ass den Spillapparat, deen am Indiaca keen Ball, mee eng Indiaca-Fieder ass. Den Indiaca ass en 25cm groussen Fiederball, deen mat der flaacher Hand geschloen gëtt.
Iwwert den Schlopolster sinn, duerch en Verbindungsstéck aus Kunststoff verbonnen, 4 Fiederen befestegt, déi bewierken dass ëmmer schlogerecht mam Schlopolster virun op den Matspiller, resp. Géigner gespillt gëtt.

Den zweeten Ënnerscheed ass d’Unzuel un Spiller. Während am Volleyball 6 Spiller um Terrain stinn, sinn et am Indiaca “just” 5.
Dowéinst ass och den Terrain méi kléng.
Soss kann een, mat Volleyballkenntnisser an dem Bewosstsinn vun den kléngen Ënnerscheeder, sech schnell un d’Indiaca-Spill gewinnen.

Wat allerdéngs net an 5 Minutten léieren kann, ass d’Ballgefill fir den Indiaca. Well d’Fieder net intuitiv wéi en normalen Ball ze spillen ass. Mee mat e bëssen Übung klappt dat schonn.

Indiaca Federatioun Lëtzebuerg
Privacy Overview

This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.